D’Beaver sinn déi jéingst , aus eisem Scoutsgrupp ,

 

Bei eis därfen si matmachen, vum Cycle 1.2 (Spillschoul) un, an dat dauert dann bis si an den Cycle 3.1(3. Schouljoer) kommen.

 

Mir deelen si, selbstverständlech innerhalb, vun der Kolonie  ( Gemeinschaft vun de Beaver ) an zwou

Kategorien op, déi méi grouss Beaver an déi méi kleng; Maisercher.

 

Domadden hun mär gudd Erfahrungen gemat, well déi méi grouss aus dem eischten an zweeten Schouljoer net méi wéi stolz sinn, fir hiren klengen Frënn ze weisen, wéi alles esou fonktionnéiert.

 

Wat mecht een bei den Beaver ?

 

Et gëtt een op dat spéidert Liewen bei den Wellefcher virbereed.

 

Mär funktionnéieren no dem Moto:

 

Deelen deelen, deelen.

 

Mir léieren  zesummen ze spillen, an ze liewen, indems mär deem aaneren hellefen, op d’Chef lauschteren, an vill Freed zesummen ze hun.

 

Mir halen eis esou vill wéi méiglech an der Natur dobaussen op,  mär schwätzen iwert Fester aus dem Kalennerjoer, an  kucken wou all déi aal Bréich hirkommen.

 

Mär ginn vun Zeit zu Zeit eng Sortie, en WE machen an natiirlech fir déi déi wellen och e klengen Camp vun 3 Deeg.

 

Bei eis ass et einfach flott, an gemittlech dofir suergt eis Cheffen

 

 

Weider Informatiounen kritt där ob feldmais@feldmais.lu