D’Wellefcher, ass déi Branche wou am Prinzip d’Kanner vum Cycle 3.1 (3.t Schouljoer) bis an den Cycle 4.1 (5.t Schouljoer) dran sinn.  ( also 3 bis 5 Schouljoer inclus )

 

Mär soen am Prinzip, well mär do oft Kanner hun déi e Joer méi laang welle bleiwen, well si op eng Frëndin oder e Kolleg waarden a mat déem zesummen d’Branche wiselen.

 

D’Wellefcher liewen zesummen an hirer Meute ( Ruddel vun de Wellef)  no der devise

 

 « Mir dinn eis Bescht »

 

An dat an allen Situatiounen vun eisem Liewen,  op Virgesetzten lauschteren, oppassen wat ronderem een geschitt, un alles Interessen weisen, emmer bei der Wourecht bleiwen, allen Menschen e gudde Komerod sinn, an emmer hellefen wou een nemmen kann.

 

Bei de Wellef ass et emmer spannend, an mär léieren all Woch eppes Neies, ouni dass mär et emol mierken einfach no der Method

 

« Learning by doing »

 

Mär machen  e puer Sortien am Joer, ginn Ausstellungen kucken, déi d’Natur, d’Emwëlt, awer och eis Kulture betreffen. Mär freeen eis alleguerten emmer rieseg wann et heescht emol am Joer fir eis Famill Theater spillen.

 

All Joer sinn mär och un deer grousser BA vum ganzen Grupp bedeelegt.

 

Genau esou wéi bei de Beaver sinn eis Versammlungen

Samschdes Mettes vun 14 bis 16 Auer.

 

Weider Informatiounen kritt där ob feldmais@feldmais.lu